Momentan Projet’en

Schoulhaff Widdem Nei Gestaltung vum Schoulhaff Widdem nom Konzept  vun der Holunderschule. Informatioun un all Elteren. 16/07/2018 ​Den Herr Helmut Hahn huet dem Schäfferoot de Projet virgestallt. 06/10/2018 ​En Work-shop wou Léierpersonal, Elterevertrieder, Personal vum Sea, Gemengevertrieder mam Herr Hahn ausgeschafft hun wéi een sech e naturnoe Schoulhaff um Widdem kennt virstellen. Dono huet t’Léierpersonal vum Widdem an t’Personal vum SEA Widdem mat de Kanner gekuckt waat hir Idee’en wieren an déi goufen dem Herr Hahn weidergeleed. 19/01/2019 ​Begehung vum Schoulhaff an vun der Spillplaaz vum Widdem déi och soll naturno emgestallt gin. Presentatioun vum Herr Hahn vun engem Avant-projet wéi dat ganzt kennt ausgesin. Austausch tescht Léierpersonal, Elterevertrieder, Personal vum Sea, Gemengevertrieder an dem Herr Hahn. 06/06/2019​ T’Mme Viviane Petry huet de Projet am Schäfferoot virgestallt. Fir de Schoulhaff Widdem gin verschidde Bereicher no den Interessen vun de Kanner geschaaft. Virgesin as en Chill-bereich mat Zen-Liegen an Setzbänken, Deschtennisdescher, en Dreier Surprise-Ball, en Bereich mat Schaukelen, en Stelzenhaus mat Terrasse, Kletternetz, Rutschbahn, Leeder an Kletterwand, dodrun eng Hängebreck mat Klettergerüst, en … Continue reading Momentan Projet’en