Elterevertrieder Käl - Téiteng 

Elterevertrieder

D'Elterevertrieder hunn d'Aufgab fir d'Meenungen an d'Erwaardungen vun den Elteren an de Kanner vun eiser Grondschoul ze vertrieden.

Dofir hu mir:
  •  Regelméisseg Reuniounen a Récksprooch mat dem Schoulcomité oder Vertrieder vun hinnen
  •  2 offiziell Vertrieder an der Schoulkommissioun
  •  1 Vertrieder an der Comission d'Accueil et de Structure vun der Gemeng
  •  Vertrieder an den Aarbechtsgruppen "Sproochen" a "Sécherheet"

   
Mir schaffen och aktiv un der Gestaltung vun der Schoul mat, zum Beispill beim Ausschaffen oder der Ëmsetzung vun dem PDS (plan de développement scolaire), der Schoulcharta, ...

Mir formuléieren, zesumme mat de Schüler, Propositiounen iwwer all Froen a Relatioun mat der Organisatioun vum Schoulliewen.

   
Mir diskutéieren a ggf. amendéieren oder completéieren d'Propositioun vun der Schoulorganisatioun an de PDS (plan de développement scolaire)

Mir organiséiere Reuniounen a gemeinsam Manifestatiounen fir d'Schoulpartner, an dëst an enker a gudder Zesummenaarbecht mat allen Partner.


Mir si momentan zu 12 Elterevertrieder.


Dir kennt eis iwwert eisen Internetsite www.evkt.lu erreechen,
ënnert der E-Mail-Adress evkt@luxembourg.com,
per SMS um 691 30 62 38
oder perséinlech bei enger vun den Schoulen uspriechen.